Nationale Gesondheetobservatoire // D’Lëtzebuerger Regierung

Attributiounen

Den Nationale Gesondheetsobservatoire ass eng Verwaltung, déi ënnert der Autoritéit vum Gesondheetsminister steet.

Den Nationale Gesondheetsobservatoire ass awer wëssenschaftlech a professionell onofhängeg wat seng Observatiounsinstrumenter, Erkenntnisser a Propositioune betrëfft.

D'Aufgab vum Nationale Gesondheetsobservatoire besteet doranner, Donnéeë mateneen ze verbannen (Gesondheetszoustand, Gesonheetsdeterminanten, net monetär Ressourcen a Verwendung vum Gesondheets- a Fleegesystem), an esou gesondheetspolitesch Entscheedungen ze guidéieren an hiren Impakt z'evaluéieren.

Weiderliesen 

Nationale Gesondheetsobservatoire