Den Observatoire

Den Nationale Gesondheetsobservatoire ass eng Verwaltung, déi ënnert der Autoritéit vum Gesondheetsminister steet.

Den Nationale Gesondheetsobservatoire ass awer wëssenschaftlech a professionell onofhängeg wat seng Observatiounsinstrumenter, Erkenntnisser a Propositioune betrëfft.

D'Aufgab vum Nationale Gesondheetsobservatoire besteet doranner, Donnéeë mateneen ze verbannen (Gesondheetszoustand, Gesonheetsdeterminanten, net monetär Ressourcen a Verwendung vum Gesondheets- a Fleegesystem), an esou gesondheetspolitesch Entscheedungen ze guidéieren an hiren Impakt z'evaluéieren.

An anere Wierder, ass den Observatoire zoustänneg fir unhand vun de verfügbaren Donnéeën Informatiounen ze generéieren an dës a Relatioun ze setzen (historesche Verglach, internationale Benchmarking) fir Verbesserungsméiglechkeeten z'ermëttelen.

D'Gesetz vum 2. Mäerz 2021 iwwert d'Schafung vum Nationale Gesondheetsobservatoire definéiert d'Missiounen, d'Gestioun an déi intern Organisatioun vum Observatoire.

Aktualiséiert