Missioune vum Nationale Gesondheetsobservatoire

Missioune vum Observatoire:

  • Evaluéieren:
    • wéi de Gesondheetszoustand vun der Bevëlkerung mat Bezuch op Morbiditéit a Mortalitéit ass 
    • wéi d'Risikoverhale vun der Bevëlkerung ass a gläichzäiteg d'Vermëttlung vu Wëssen zu de Gesondheetsdeterminanten verbesseren
    • wéi d'Qualitéit, Effikassitéit an Accessibilitéit vum Gesondheetssystem ass an Ongläichheeten um Niveau vun der Gesondheet vun de verschiddene Bevëlkerungsgruppen identifizéieren
  • Ënnersichen wéi d'Entwécklung an d'Upassung vun de Ressourcen u Fachpersonal am Beräich vum Gesondheetssystem ass fir déi gesondheetlech Besoine vun der Bevëlkerung z'erfëllen
  • Verëffentlechen an diffuséieren:
    • vun Informatiounen zum Gesondheetszoustand vun der Bevëlkerung a vum Gesondheetssystem unhand vun den Analyse vum Observatoire
    • vun de Resultater vun den Etüden am Beräich vun de Ressourcen u Fachpersonal
  • dem Minister Prioritéiten am Beräich vun der ëffentlecher Gesondheet virschloen, fir den allgemenge Gesondheetszoustand vun der Bevëlkerung, vum Gesondheetssystem a vun de Ressourcen u Fachpersonal ze verbesseren
  • d'Gesondheetskaart aféieren, wéi am Artikel 3 vum Gesetz vum 8. Mäerz 2018 zu de Spideeler an hirer Organisatioun definéiert

Den Observatoire erstellt eemol am Joer ee Joresrapport a mindestens een themateschen Analyserapport mat Erkenntnisser a Propositiounen zu engem oder méi Beräicher, déi als prioritär festgehal goufen.

All dräi Joer erstellt den Observatoire een nationale Rapport mat sengen Erkenntnisser a Propositiounen an de Beräicher vum Gesondheetszoustand vun der Bevëlkerung, de Gesondheetsdeterminanten an dem Gesondheetssystem. Dëse Rapport beinhalt:

  • eng Beschreiwung, Analys an Evaluatioun vum Gesondheetszoustand vun der Bevëlkerung, de Gesondheetsdeterminanten an dem Gesondheetssystem
  • eng Beschreiwung, Analys an Evaluatioun vun der ëffentlecher Gesondheetspolitik

Aktualiséiert