D'Organisatioun vum Nationale Gesondheetsobservatoire

De Conseil vun den Observateuren

Den Nationale Gesondheetsobservatoire gëtt vun engem Conseil vun den Observateure verwalt, deen aus folgende Membere besteet (fir all Fachberäich ee feste Member an ee stellvertriedende Member):

  • en Expert am Beräich vun der Epidemiologie
  • en Expert am Beräich vun der ëffentlecher Gesondheet
  • en Expert am Beräich vun der Analys vu Gesondheetssystemer
  • en Expert am Beräich vun der Gestioun vu Regëster
  • en Expert am Beräich vun de Studien zum Gesondheetszoustand vun der Bevëlkerung
  • en Expert am Beräich vun der Gesondheetsstatistik oder ee Biostatistiker
  • en Expert am Beräich vun der Gesondheetswirtschaft
  • en Expert am Beräich vun der Demografie
  • en Expert am Beräich vun der patientegebonnener Miessung vu Resultater

De Conseil vun den Observateure hält Follgendes fest:

  • déi verschidde Rapporten a Propositioune vum Observatoire
  • d'Beräicher an Ausriichtunge vum pluriannuellen Aarbechtsprogramm vum Observatoire
  • d'Budgetsvirschléi vum Observatoire
  • d'Ufroe vum Observatoire am Beräich vun de personellen an technesche Ressourcen

De Conseil vun den Observateure gëtt säin Avis zu alle Froen a sengem Kompetenzberäich of, déi vum zoustännege Minister virgeluecht oder op Eegeninitiativ vum Observatoire analyséiert ginn.

De President vum Observatoire

Ënner den Observateuren, gëtt de President vum Observatoire, op Propositioun vum Minister, per Arrêté grand-ducal ernannt. De President ass fir de Fonctionnement vum Observatoire zoustänneg an agéiert als Virgesetzte vum Personal.

D'Ekipp

Den Nationale Gesondheetsobservatoire wäert sech aus enger multidisziplinärer Ekipp vun ongeféier 10 Persounen zesummesetzen.

Aktualiséiert